• Dr David HOA - Zänndokter

    Zänndokterpraxis an der Stad Lëtzebuerg, am Quartier Lampertsbierg
  • 1

D'Praxis

D'Zänndokterpraxis vum Dr HOA gëtt et an der Stad Lëtzebuerg säit 2009, méi genee um Lampertsbierg, net wäit vum Stadkär ewech.

image

Telefon: (+352) 225088

D'Praxis ass vum Juli un op der neier Adress 51, rue Ermesinde L-1469 Lëtzebuerg ze fannen, just 200m vun der aler Adress rue Jean-Pierre Koenig ewech.

D'Praxis ass liicht ze fannen, net wäit vum Stadzentrum ewech, direkt beim Busarrêt "Alen Tramsschapp" (Buslinne 2 a 4). Och mam Auto ass d'Praxis gutt erreechbar, d'Praxis ass op der Kräizung vun der Avenue Victor Hugo an der rue Ermesinde, 100m iwwert dem Jongelycée an der Kierch vum Lampertsbierg. Ronderëm d'Praxis gin et vill Parkplazen, an der Avenue Victor Hugo, der rue Ermesinde an der rue Jean-Pierre Koenig. Och de Parking vun de Victor Hugos Halen ass just 2 Minutten ze Fouss ewech.

 
  • Ëffnungszäiten

    Ëffnungszäiten

    D'Praxis ass Méindes bis Freides op. (Méiglechkeet fir e Rendez-Vous während der Mëttespaus ze huelen).
    .

  • 1

Ëffnungszäiten

D'Praxis ass Méindes bis Freides op.


Fir all dréngende Problem, kënn Dir iwwert doctena.lu moies um 7:30 an mëttes um 13:45 e Rendez-Vous huelen.Während dem Weekend an tëscht 19:00 an 6:00 Auer kenn Dir eis e Message um Repondeur hannerloossen oder eng Email schécken fir no engem Rendez-Vous ze froen. Mer kontaktéieren Iech no spéitstens 24 Stonnen.